
Méi genee sinn d’Ambulanz an den Auto op der Kräizung vum Salzhaff mam Boulevard Pierre Dupong komm.
Wéi de Cédric Gantzer vum CGDIS op Nofro hi confirméiert, war d’Ambulanz zum Zäitpunkt vun der Kollisioun am Asaz, fir e Patient an d’Spidol ze bréngen. Nom Accident wier Verstäerkung vun zwou weideren Ambulanzen ugefrot ginn. Eng vun den Ambulanzen hätt de Patient an d’Klinik transportéiert, mat där anerer koum de Chauffer vum Auto fir eng Kontroll an d’Spidol. Weider wiere keng Persoune blesséiert ginn an och den Zoustand vum Patient wier net méi schlecht ginn.
Géint 10.45 Auer war den Accident geraumt.
Donieft koum et en Donneschdeg de Moie géint 8.37 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen op der A13 tëscht Keel a Schëffleng. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch a Keel.
E weideren Accident gouf et géint 9.19 Auer zu Esch-Uelzecht an der Rue Romain Fandel. Och hei waren zwee Autoen anenee geknuppt. D’Ambulanciere vum Zenter Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vu Keel waren am Asaz.
Kuerz virun 10 Auer sinn iwwerdeem en Auto an e Scooter an der Rue Guillaume J. Kroll an der Stad anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt.
Zu Helsem a der Rue Jean Mercatoris gouf géint 10.33 Auer e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Hei waren d’Rettungsekippe vu Lëntgen a Steesel op der Plaz.