
Tëscht dem Waldhaff a Gonnereng war et zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus komm. Béid Gefierer goufe vun der Strooss geschleidert. Den Autoschauffer koum mat liichte Blessure fir eng Kontroll an d’Spidol. Am Bus gouf kee verletzt. Den Alkoholtest beim Autoschauffer war positiv an hien huet de Permis missen ofginn. Et koum och zu gréisserem Materialschued u béide Gefierer.
Kuerz no 3 Auer e Sonndeg gouf der Police dann en Automobilist gemellt, dee beim Ufueren an der Stad zwee geparkten Autoe getéckt huet. Kuerz drop huet dann e Buschauffer matgedeelt, dass säi Bus wärend der Faart vun engem Auto gesträift gi wier. Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet an eng Patrull vun der Police konnt de besote Won schliisslech op der A4 stoppen. De Chauffer huet sech onkooperativ gewisen a wollt och keen Alkoholtest maachen. Géint hie gouf e provisorescht Fuerverbuet verhaangen.
Liicht blesséiert goufen och zwee Leit an engem Auto, dee géint 4 Auer e Sonndeg de Moien um Cents an zwee stationéiert Autoe gerannt ass. Och hei war Alkohol am Spill an et gouf e Fuerverbuet. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer kee valabele Führerschäin méi. De Parquet gouf informéiert.
E weideren Accident ënner Alkoholafloss gouf et da kuerz viru 4 Auer op der A3 a Richtung Frankräich op der Héicht vu Léiweng. Hei gouf kee blesséiert, ma de responsabele Chauffer, deen ënner Alkoholafloss stoung, ass säi Permis nawell bis op Weideres lass.