Esou ass dat zum Beispill och de Fall beim Anne Diderich, Proprietärin vun enger grousser Librairie zu Esch an och Presidentin vun der Federatioun vun de Librairen hei am Land.
Et ass all Joer eng logistesch Erausfuerderung. Zanterdeem Bestellungen digitaliséiert oflafen, gouf villes vereinfacht an et gëtt dacks schonn am Juli virbestallt. Dëst Joer war dat eréischt eng Woch méi spéit méiglech an dat huet direkt zu méi Decalagë gefouert, well duerno déi grouss Vakanzendeparte koumen. D’Resultat ass, datt sech alles verspéit huet an elo vill Bicher drop waarden, datt d’Schüler se siche kommen, respektiv een och elo munchmol Krämpes huet, eenzel Bicher nozebestellen.
Am Reportage gesi mer méi genee, firwat déi Situatioun sech zougespëtzt huet a firwat d’Rentrée déi wichtegst Zäit vum Joer fir dëse Secteur ass.