
Wéi de Statec e Méindeg a senger neister Konjunktur-Analys schreift, géif d’Situatioun um Bau net grondleeënd besser ginn. Ganz am Géigendeel géifen esouguer ëmmer méi Bau-Firme Faillite deklaréieren. D’Brutto-Valeur-ajoutée um Bau géif weider erofgoen. Bei de Bau-Autorisatioune wier et bannent engem Joer e Minus vu 40 Prozent.
Parallel ginn awer nees méi Prête bei de Banken ënnerschriwwen - op d’mannst vun de Stéit - net awer vun Entreprisen. Bei dës mitigéiert Nouvelle passt, datt och op der Pompel manner verkaf gëtt. Esou gëtt et fir déi éischt 8 Méint vun dësem Joer eng Baisse vu 4 Prozent vu verkaaftem Sprit, woubäi absënns manner Diesel verkaf gëtt. Dozou passt, datt et och manner Diesel-Ween am Land ginn: do goungen d’Immatrikulatioune vun 185.000 op 172.000 Autoen zeréck.