Hausse vun de Stroum- a GaspräisserKonsumenteschutz stéiert sech un neier Tarifstruktur

RTL Lëtzebuerg
En Vue vun der Hausse vun de Stroum- a Gaspräisser dat anert Joer mellt de Konsumenteschutz sech ze Wuert.

Gestéiert gëtt sech virun allem un der neier Tarifstruktur. Dem Regulatiounsinstitut ILR no ass et d’Zil, méi gerecht a flexibel ze ginn, dat am Kader vun der ekologescher Transitioun.

D’ULC ass awer der Meenung, datt d’privat Konsumenten hei ze staark géinge belaascht ginn, obwuel et net si wieren, déi am meescht géinge verbrauchen. Et wier och net ganz ekologesch, Apparater, déi funktionéieren, auszetauschen an duerch Geräter ze ersetzen, déi ee ka programméieren.

D’Liberaliséierung vum Energiemaart am Joer 2009 hätt iwwregens net zu enger Ouverture vun de Marchéë gefouert. Mat Encevo géing e staatlech kontrolléierten Acteur de Maart dominéieren an Energiepräisser zum Nodeel vun der Bevëlkerung diktéieren.

PDF: Schreiwes vun der ULC

Back to Top
CIM LOGO