
Aus dem Ministère heescht et, de Verwaltungsrot vum Science Center hätt sech - trotz Rappellen - nach net verbindlech geäussert, ob en d’Bedéngunge vum Ministère akzeptéiert. De Ministère huet fir dee Fall schonn eng Propose fir eng nei Konventioun gemaach. Ma wann de Verwaltungsrot d’Bedéngungen net akzeptéiert, gëtt et keng weider Subventioune méi fir de Science Center, dee soss kaum nennenswäert Recetten huet. Mat där Decisioun stinn also d’Aarbechtsplazen um Spill.
Bis elo huet de President a Grënner vum Science Center drop bestanen, datt nach Rechnungen u seng Privatfirma ze bezuele wieren. Dat ënnert anerem fir den Ausbau vum Science Center, fir deen et keen Optrag a kee Finanzéierungengagement vum Staat gouf.
De Conseil kënnt RTL-Informatiounen no um Freideg zesummen. An e Méindeg ass eng weider Assemblée générale vun der ASBL Science Center ugesat.