Kommunistesch ParteiKPL reprochéiert der Regierung, e Renteklau ze plangen

RTL Lëtzebuerg
De leschte Samschdeg ass den erweiderten Zentralkommitee vun der KPL beieneekomm.
© Dider Weber / RTL Archiv

D’Kommunistesch Partei schwätzt sech géint e Renteklau a géint d’Militariséierung aus. An engem Schreiwes no enger Sëtzung vum Zentralkommitee reprochéiert d’KPL der Regierung, e Renteklau ze plangen. Et géing een am November eegen Alternativ virleeën, fir de Pensiounssystem ze stäerken.

D’Kommunistesch Partei stellt sech am Kontext vun de rezenten Diskussiounen ëm d’Kollektivverträg hannert d’Gewerkschaften. Donieft gi Verhandlunge fir en Enn vum Krich an der Ukrain gefuerdert. Lëtzebuerg misst sech och fir Negociatiounen am Noen Osten, fir d’Unerkenne vu Palestina als Staat a fir Sanktioune géint Israel asetzen.

Back to Top
CIM LOGO