
Nodeems d’CNS eis virun e puer Wochen erkläert huet, wisou d’Remboursementer vun Dokteschrechnungen eng Partie Wochen daueren, wollte mir vun der Krankekeess vun de Staatsbeamte (CMFEP) wëssen, wou si dru sinn.
Tatsächlech ass d’CMFEP méi op Zack. Bannent 7 bis 10 Deeg huet de Versécherten d’Sue vun der Dokteschrechnung op sengem Kont, wann d’Rechnung vun engem Dokter aus dem Land ass. Bei internationale Rechnungen dauert d’Remboursement 4 bis 6 Wochen, ausser en Tarif muss nogefrot ginn. Da kann et bis zu 10 Wochen daueren.
Bei der nationaler Krankekeess goufen am Joer 2024 ronn 19.000 Rechnungen den Dag traitéiert, bei der Krankekeess vun de Staatsbeamte waren et am Duerchschnëtt e bësse méi wéi 3.100 Remboursementer den Dag. An der Moyenne traitéiert ee Mataarbechter vun der CMFEP méi wéi 300 Rechnungen den Dag.
Virun zwee Joer gouf bei der Krankekeess vun de Staatsbeamten en neien Aarbechtsprozess agefouert. Méi genee gouf eng nei Aart vum Scanning en place gesat. Heimat “sinn d’Aarbechtsprozesser komplett ëmgestallt ginn, mat dem Resultat, dass d’CMFEP haut vill méi effizient schafft wéi nach virun 3 Joer”, sou de Ministère fir sozial Sécherheet. Mat Hëllef vun dëse Verbesserunge kéinte ronn 85 Prozent vun de Rechnunge gescannt an digital verschafft ginn.
An dat digitaalt Verschaffe géif d’Waardezäite bei de Remboursementer däitlech verkierzen. Dat géif ee gutt bei den internationale Rechnunge gesinn. Dës kënnen nämlech nach net gescannt an digital verschafft ginn, wat och d’Retarde bei dësen erkläre géif.