ZeienopruffKreditkaart geklaut a Suen domat opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no zwou Persounen, déi den 1. Mäerz 2023 tëscht 12.09 an 13.07 Auer eng Kreditkaart geklaut hunn.

Si hunn op direkt e puer Plazen am Garer Quartier an der Stad an an der Uewerstad Suen domat opgehuewen a Saache kaaft.

All Informatioune si fir d’Police vu Réimech/Munneref iwwer d’E-Mail-Adress Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu oder per Telefon (+352) 244 77 1000.

Back to Top
CIM LOGO