Granat aus dem 2. WeltkrichKrichsmunitioun an der Géigend vun der ZI Salzbaach neutraliséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, gouf en Donneschdeg, net wäit vun der Zone Industrielle Salzbaach zu Wolz, eng Mörsergranat aus dem Zweete Weltkrich fonnt.
© RTL Archivbild

Géint der Mëtteg gouf d’Krichsmunitioun duerch de Service de Déminage vun der Arméi (SEDAL) nach op der Plaz neutraliséiert. An deem Kader goufe bis 12.30 Auer och eng Partie Stroosse gespaart.

Back to Top
CIM LOGO