
En Dënschdeg war Generalversammlung. Do sollten nieft de Konte fir d’Joren 2022 an 2023 och d’Ännerungen an der Gouvernance gestëmmt ginn, déi den Educatiounsministère verlaangt, wa weider solle Subventioune fléissen. Ma d’Press duerft net nolauschteren an och verschidde Membere vun der Associatioun duerften net an de Sall.
Zwee Memberen, déi nach esou am Firme-Register agedroe sinn, duerften trotz Convocatioun net an d’Versammlung a krute mat der Police gedreet, wa se awer wéilten eragoen. D’Argument vum President a Grënner vum Science Center, Nicolas Didier: Si hätten hir Kotisatiounen net bezuelt an hätten domat de facto demissionéiert.
Ieren e bewosst Manöver, fir desagreabel Froen z’evitéieren? Déi betraffe Membere soen, si hätten – am Géigesaz zu anere Memberen - keng Opfuerderung kritt, hir Cotisatioun ze bezuelen. Maile weisen ausserdeem, dass ee vun hinne sech schonn am Januar zejoert beim Nicolas Didier renseignéiert hat, wéi et mat de Kotisatioune wier.
Dobäi hätte sech duerchaus Froe gestallt. Mat der Invitatioun kruten d’Memberen nämlech zwou verschidde Versioune vun de Konten 2022 geschéckt. Do dran tauche Fraise fir den Ausbau “Phase II” vum Science Center op. Allerdéngs nees mat anere Montanten, wéi op deenen esou ëmstriddene Rechnungen. Déi Rechnungen, bei deene KPMG net konnt confirméieren, datt déi facturéiert Aarbechte geleescht goufen. An déi, wéi den Educatiounsminister Claude Meisch en Dënschdeg sot, domat vum Dësch wieren.
Dat ass och net déi eenzeg Wull am Tirang. Sou ännere sech am Bilan fir 2022 op ee Mol och nees Zuele fir 2021. Zum Beispill de Wäert vun der Experimentatiounsstatiounen, déi den Educatiounsministère subventionéiert.
Ma wéi huet den Nicolas Didier an der Invitatioun un d’Membere geschriwwen: “Les documents financiers proposés à l’Assemblée à approuver par l’Assemblée Générale seront substantiellement similaires aux documents produits par notre Fiduciaire et figurant en annexe.” Vläicht hätt de Rapport vum Reviseur erkläert, wat mat “substantiellement similaire” gemengt ass, wann et ëm Bilane geet. Ma wéi et an der Invitatioun weider geheescht huet:
“Les documents définitifs à recevoir de notre reviseur d’entreprise vont être versés au dossier après approbation du Conseil d’Administration.”
Op d’Nofro vun RTL, wat d’Assemblée decidéiert huet, och a Saache Gouvernance, gouf et bis elo keng Äntwert.
En Donneschdeg trëfft sech de Verwaltungsrot vum Science Center mat de Vertrieder vum Educatiounsministère, fir ze diskutéieren, wéi et weidergeet.