
Am Fréijoerspak vum Semestre européen leet d’EU-Kommissioun der Regierung e Mëttwoch un d’Häerz, fir géint d’aggressiivt steierlecht Plangen, wéi zum Beispill Rulingen, vir ze goen. Nëmmen doduerch kéinten d’europäesch Steierzueler gerecht behandelt ginn. D’Kommissioun réit duerfir der Regierung Frieden, fir d’Zënserträg esou ze besteieren, datt keng Ënnerscheeder an der Konkurrenz tëscht de Firme méi entstinn.
E weidere Punkt ass d’Viabilitéit vum Lëtzebuerger Pensiounssystem, deen der Kommissioun eng Recommandatioun wäert ass: sou sollen d’Leit méi laang schaffe goen an d’Optiounen, fir d’Prepensioun ze huelen, solle limitéiert ginn.
De Manktem u Wunnenge kritiséiert d’Kommissioun a gesäit doranner e konkurrenziellen Nodeel fir d’Ekonomie: duerfir misst d’Grondsteier reforméiert a massiv op Terraine gebaut ginn, déi dem Staat gehéieren.
Wat d’Schoulwiesen ugeet, ass d’EU-Kommissioun der Meenung, datt d’Léiermethoden am Grand-Duché missten un d’Besoine vun defavoriséierte Kanner ugepasst ginn, déi zum gréissten Deel och aner Mammesproochen hunn, wéi d’Lëtzebuergescht. Déi net ugepasst Léierpläng hätten negativ Inzidenzen op d’Punkte vun dëse Schüler.