OECD-RapportKritik u Lëtzebuerg ënnert anerem wéinst dem Präisdeckel fir d'Energie

Maxime Gillen
Dee géif d'Leit net dozou animéieren, Energie ze spueren. Kritik gouf et och um Indexsystem, grad ewéi un der Landesplanung an dem Pensiounssystem.
© Maxime Gillen

Déi Lëtzebuerger Wirtschaft hätt sech no der akuter Corona-Pandemie séier erëm erholl an hätt och mat hire Mesuren, elo an der Energiekris, e gewësse Succès. Trotzdeem hätt och de Grand-Duché mat de Konsequenze vum Krich an der Ukrain ze kämpfen, esou de Constat vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung OECD an hirem neiste Rapport, deen haut presentéiert gouf. Doran hunn d’Ekonomiste vun der OECD awer och eng Rei strukturell Problemer ervirgehuewen, déi en nohaltege Wuesstem méi schwéier maachen. Vum Energie-Präisdeckel, deen net cibléiert genuch wier, iwwert den Index-System, dee riskéiert d’Inflatioun an d’Luucht ze dreiwen, bis bei d’Reform vum Steiersystem.

OECD Rapport: E Reportage vum Maxime Gillen

Dass eng Individualiséierung vum Steiersystem néideg ass, do si sech d’Finanzministesch Yuriko Backes an d’OECD-Experten eens. D’Ministesch bleift awer derbäi, dass dat aktuell net méiglech ass.

Yuriko Backes: “Ech géif dat ganz ganz gären upaken. Ech wäert och doru schaffen. Ech mengen et ass eppes, dat ganz wichteg ass, dat hunn ech scho gesot. Dat brauch Zäit, mä ech mengen et brauch och finanziell Mëttelen fir dat duerchzezéien. An där Situatioun si mir awer elo net. Mä, wéi ech och scho gesot hunn, dat ass eppes wat mir wierklech misste maachen. Et wär wichteg fir eist Land, am Fong indispensabel. Et ass reportéiert, et ass net annuléiert.”

© Maxime Gillen

Ausserdeem wiere grouss Changementer néideg, fir d’Klimaziler z’erreechen, notamment an der Landesplanung, heescht et am Rapport. An den Individualverkéier misst massiv zeréckgefuer ginn. Eng Fuerderung, déi de Landesplanungsminister Claude Turmes awer kritesch gesäit.

Claude Turmes: “Eis Approche ass, fir d’éischt muss et eng Alternativ ginn. Ech kann net an e Quartier goen a soen, déi do Parkplaze maachen ech ewech, wann ech net virdru vläicht e klengt Parkhaus gebaut hunn, wou d’Leit kamoud hiren Auto kënnen ofstellen. Dat ass och eppes, wat ech elo am neie Programme directeur d’aménagement du territoire probéiren ze maachen, dass fir d’éischt muss eng Offer do sinn fir d’Leit an da maachen d’Leit mat an da brauch een och vläicht net op déi Bestrofung, déi heiansdo vun der OECD virgeschloe gëtt, zeréckzegräifen.”

E weidere wichtege Punkt am Rapport ass de Pensiounssystem, dee laangfristeg net nohalteg genuch wier, an de Fait, dass d’Lëtzebuerger Residenten am Schnëtt immens fréi an d’Pensioun ginn. Dat dierft een awer net iwwerbewäerten, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Franz Fayot: “Do sinn all d’Secteuren dran. Do ass och d’Fonction publique mat dran. A mir wëssen, dass d’Leit bei eis fréi an d’Pensioun ginn. Mir wëssen, dass mir doru musse schaffen an dat ass ganz kloer och een Deel vum Problem.”

Kritesch huet d’OECD dann och d’Präisevolutioun beim Logement gesinn, genee wéi d’Biodiversitéit, déi hei am Land massiv géif ënner Drock stoen.

Offiziellt Schreiwes

L’OCDE a présenté son étude économique du Luxembourg en présence des ministres Franz Fayot, Yuriko Backes et Claude Turmes (17.11.2022)
Communiqué par : ministère de l’Économie / ministère des Finances / ministère de l’Énergie et de l’Aménagement du territoire

En date du 17 novembre 2022, le secrétaire général de l’OCDE, Mathias Cormann, a présenté la nouvelle édition de l’étude économique du Luxembourg publiée par l’Organisation de coopération et de développement économiques (OCDE). La conférence de presse a eu lieu en présence du ministre de l’Économie, Franz Fayot, de la ministre des Finances, Yuriko Backes, et du ministre de l’Énergie et ministre de l’Aménagement du territoire, Claude Turmes.

L’OCDE publie tous les deux ans une étude économique pour chaque pays membre portant sur les politiques publiques susceptibles d’améliorer les performances de l’économie de ce pays à long terme. L’Étude économique du Luxembourg 2022 de l’OCDE porte sur les défis et les pistes de réflexion pour «assurer une économie dynamique et verte en 2050».
L’OCDE a publié l’étude économique du Luxembourg sur son site Internet.

Back to Top
CIM LOGO