Bilan PirateparteiKritik u Regierung: Et gouf net genuch kommunizéiert

Annick Goerens
Wärend dem Etat de Crise hätten d'Oppositiounsparteie ganz konstruktiv zesummegeschafft, mee d'Regierung géing léiwer maachen, wéi schwätzen.
Bilan Piratepartei
Kritik u Regierung: Et gouf net genuch kommunizéiert.

Dat ass de Bilan, deen d'Piraten e Méindeg de Mëtteg vun hirem parlamentaresche Joer gezunn hunn. E Joer, dat duerch déi méintelaang Corona-Kris, déi och nach ëmmer net eriwwer ass, nawell speziell gewiescht wär.

Et hätt een natierlech net kéinte virausgesinn, wat géing op eis Gesellschaft duerkommen. Ma trotz allem haten d'Piraten dofir plädéiert, dass misst beim Budget gespuert ginn an dass de Staat sech een Appell fir den Duuscht géing op d'Säit leeën, erkläert den Deputéierte Sven Clement:

„Den Ament hate mir een Excedent am Budget a schlussendlech huet d'Regierung awer fir een Defizit an dësem Staatsbudget optéiert. Een Defizit, deen eis elo nach eng Kéier duebel deier ze stoe kënnt. Een Defizit, deen eis eng gewësse Marge de manoeuvre geholl huet. Ech mengen, dass dat vläicht virausschauend besser gewiescht wier, mir hätten tatsächlech eng Kéier bëssen an de Scholden-Ofbau wéi an de Scholden-Opbau investéiert."

Bilan Piratepartei / Rep. Annick Goerens

Donieft hätt ee sech och déi 600 Millioune fir den Airbus kéinte spueren oder op de Militärsatellit kënne verzichten, dee méi deier gëtt.

Eng Fuerderung vun de Piraten ass iwwerdeems, dass d'Reegelen an den Altersheemer solle vereenheetlecht ginn. D'Inkoherenz géing zu vill Verdross bei den eelere Leit feieren. Ganz allgemeng missten d'Altersheemer vill méi staatlech kontrolléiert ginn a manner op d'Wirtschaft ausgeriicht sinn, sou den Deputéierte Marc Goergen:

„An dann, wat eis stéiert, ass, dass duerch Corona, elo den eelere Leit, déi schonn an den Seniorerien net méi vill iwwereg hunn, nei Fraisen opkommen. Dat heescht, si kënnen net méi an eng Epicerie einfach mol e Jughurt kafen goen, si mussen deen dann zu dem Präis kafen, wou d'Seniorerie en ubitt. Dann e Fall, wou mer gesot kruten, ass mat der Wäsch. Et däerf kee méi vun der Famill d'Wäsch mat erabréngen. Do schwätze mer vun 300 Euro de Mount. Dat heescht, déi Leit mussen elo an der Seniorerie wäsche loossen. Firwat ginn et do net eenheetlech Reegelen?"

Donieft fuerderen d'Piraten och, dass Leit, déi an Alters- oder Fleegeheemer wunnen an net méi wierklech mobil sinn a virun d'Dier kommen, hire 50-Euro-Bong kéinten an den Heemer selwer aléisen.

Mat den Infektiounszuelen, déi nach ëmmer héich sinn, fuerderen d'Piraten dann och, dass de Congé pour raisons familiales sollt verlängert ginn. Et wär nach ze fréi, domadder opzehalen.

Back to Top
CIM LOGO