
Konkret stéiere si sech dorun, dass de Kardinol d’US-Vizepresidentin Kamala Harris kritiséiert huet, wéinst hirer Positioun iwwer d‘Recht op Ofdreiwen. A sengen Ae sollt et nämlech och keng Ausname bei Vergewaltegung an Inzest ginn.
Dës Aussoe wieren net nëmmen eng Attack op d‘Selbstbestëmmungsrecht vu Fraen, ma géifen och alt erëm weisen, wéi eng Roll Fraen an den Aen vun der kathoulescher Kierch hunn.
Och d‘Fuerderung vum Poopst, d‘Leit zu Lëtzebuerg sollte méi Kanner kréien, wier net an der Rei. Weder de Poopst nach d‘Kierch hätt sech an d‘Plange vun enger Famill oder d‘Sexualitéit vun de Leit anzemëschen.