Neijoerschreceptioun vun der Chambre des salariésKritik un der Regierung beim Thema Pensiounen a Steiersystem

RTL Lëtzebuerg
Op der traditioneller Neijoerschreceptioun vun der Chambre des salariés gouf wéi ze erwaarden net mat Kritik un der schwaarz-bloer Regierung gespuert.

D’CSL-Presidentin Nora Back huet an hirer Ried am Cercle an der Stad vu beonrouegende politeschen Aussoe geschwat wat d’Pensiounen ugeet. Net zefridden weist sech d’Salariatskummer och iwwer den aktuelle Steiersystem.

Neijoerschreceptioun vun der Chambre des salariés / Rep. Marlène Clement

D’Salariatskummer wier Demandeur fir eng Pensiounsreform, huet hir Presidentin Nora Back betount. Allerdéngs eng Reform, déi d’Schwächte vum System verbessert, a sech déi néideg Moyene gëtt, fir d’Prestatiounen ze erhalen.

An déi Sue sinn do. An et ass verantwortungslos an et ass seriö hypokritesch vun deenen, déi soen, si stinn zu eisem gudde staarken ëffentleche System a gläichzäiteg awer proposéieren d’Renten nach eng Kéier ëm 30 Prozent ze kierzen, wou se 2012 schonns ëm 15 Prozent gekierzt gi sinn.

Wat d’Steieren ugeet, esou begréisst d’Presidentin vun der Salariatskummer d’Upassunge vum Steierbarème un d’Inflatioun. Am Entlaaschtungspak vun der CSV-DP-Regierung wiere “gutt Saachen” dran. Dat géing awer net duergoen.

Dee Pak do, dee féiert null zu méi Steiergerechtegkeet. Au contraire, et si nach eng Rei Mesuren dran, déi d’Ongerechtegkeete weider verstäerken. Wann een zum Beispill just drun denkt, dass et lo méiglech ass, dass déi sougenannten Talenter, déi mer aus dem Ausland wëllen unzéien, wa se ee Revenu hu vu bis zu 400.000 Euro d’Joer, da kënne se dovunner d’Hallschent einfach steierfräi kréien.

D’Frontalieren dogéint misste Steieren op hiren Iwwerstonne bezuelen, esou d’Nora Back. Déi ugekënnegt grouss Steierreform misst endlech zu méi Steiergerechtegkeet féieren. D’Presidentin vun der Chambre des salariés huet och virun enger Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten dem Eropsetze vun der Sonndesaarbecht gewarnt. Déi géing et de Leit nach méi schwéier maache fir dat professionellt a dat privat Liewen ënnert een Hutt ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO