Deier Auer am Viséier"Kuerz ugepaakt an zack war se fort"

Pierre Weimerskirch
Mir hu mat enger Persoun geschwat, déi owes nom Erausgoen eng deier Auer vum Handgelenk geklaut krut.
© Envato

Et war de 16. Februar 2024 an der Stad, wéi e Mann owes nom Erausgoen um Wee an de Parking war. Vum Bistro bis bei den Auto am Parking ënnert dem Knuedler war et net wäit.

“Ech hat permanent d’Gefill, een a mengem Réck ze spieren, ech hunn awer net vill drop ginn”, esou de Mann, deen anonym bleiwe wëll.

Du wier et séier gaangen. “Ech hat den Ticket bezuelt an hu mech ëmgedréint. E jonke Mann huet mech um Aarm ugepaakt an ass kuerz drop einfach fortgaangen. Eréischt e puer Sekonne méi spéit hunn ech realiséiert, wéi d’Band vu menger Auer erofgefall ass, dass se geklaut gouf.”

“Ech gouf geziilt erausgesicht”

Direkt den Dag drop huet d’Affer Plainte gemaach, bis haut huet si näischt méi héieren. Op Nofro confirméiert de Pressebüro vun der Police, dass eng Plainte gemaach gouf.

Wéi de Mann am Gespréich erzielt, geet hien dovun aus, dass hie virdrun observéiert a geziilt erausgesicht gouf: “Ech hat eng Jackett un, et war Wanter. E muss mech also scho gesinn hunn, wéi ech meng Jackett nach net unhat.”

Op Nofro schreift de Pressebüro vun der Police, dass éischten Informatiounen no näischt géif drop hiweisen, datt beim genannten Tëschefall organiséiert Bande aktiv gewiescht wieren.

Dass et awer keen Eenzelfall ass, weist eng weider Situatioun vun enger jonker Fra, mat där mir geschwat hunn. Hir ass genee dat nämmlecht geschitt. Och si wollt anonym bleiwen. Genee wéi beim anere Fall wier si net grouss aggresséiert ginn, ma kuerz um Handgelenk ugepaakt ginn an duerno wier d’Luxusauer fort gewiescht.

Schwéier, esou eppes ze verhënneren

Fir esou en Iwwerfall ze verhënneren, wier ganz schwéier, esou de Marc Ragnacci, Responsabel vum Service Preventioun vun der Police. Owes sollt ee sech allgemeng begleede loossen, wann een ënnerwee ass an och donkel Ecker evitéieren.

De Commissaire en chef Marc Ragnacci confirméiert, dass esou Täter hir Affer geziilt eraussichen. Éier se géifen zouschloen, géifen d’Täter si genee observéieren.

An der App vun der Police géif et och d’Fonctioun “my safe” ginn, do kéint ee Wäertsaache mat Fotoen a Rechnungen hannerleeën. Wann een da Plainte mécht, kéint d’Police direkt op dës Daten zréckgräifen. Detailer iwwer d’App kann een hei noliesen.

Insgesamt reit d’Police ëmmer, mësstrauesch ze sinn, wann ee vu frieme Persounen ugeschwat gëtt. Wann een sech net Wuel spiert, soll ee sech och roueg trauen, fir aner Leit ronderëm unzeschwätzen an Zivilcourage ze fuerderen.

Dir wëllt Kontakt mat der Redaktioun ophuelen? Hei kënnt Dir Iech mellen: dossier@rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO