Laanscht d’Musel soll den Thermometer souguer nach doriwwer eraus klammen. Fir den Norde gëllt och eng alerte jaune. U Leit mat gesondheetleche Problemer a Senioren ass et wéi gewinnt den Opruff sech net ze laang an der praller Sonn opzehalen, a kierperlech Aktivitéiten besser de Moien ze maachen, oder eréischt wann d’Sonn ënner ass.

Wéi MeteoLux um Dënschdeg de Mëtteg mellt, dierft de Risiko vun Donnerwiederen haaptsächlech an der Nuecht op e Mëttwoch am gréisste sinn. Ma schonn um Dënschdeg den Owend waren déi éischt Schaueren erofkomm an d’Geknupps ze héieren. Och Knëppelsteng a Stuerm sinn an der Nuecht méiglech.
D’Hëtzt an d’Dréchent hunn dann och hei am Land scho fir Bränn gesuergt. De CGDIS schreift um Dënschdeg de Moien, dass d’Pompjeeën e Méindeg den Owend zweemol hu mussen eraus, well Felder a Brand gerode waren. Dat emol zu Gëtzen an emol tëscht Gréiwels a Groussbus.