Tëscht 160 an 200 Polizisten am AsazLandeswäit Kontrolle wéinst méigleche Verstéiss géint RBE-Gesetz

RTL Lëtzebuerg
D'Police an de Parquet hu wéi annoncéiert an de leschten 2 Woche Kontrolle gemaach, ob d'Reegele vum Registre des Bénéficiaires Effectifs agehale goufen.
© Police

160 bis 200 Policebeamte waren am Asaz. Et goufe méi wéi 100 Procès-verbauxen, well Entitéiten net en règle waren. D’Kontrolle ginn de ganze Summer iwwer weider, deelt d’Police mat.

Zënter entretemps dräi Joer gëtt et de Registre des Bénéficiaires Effectifs. All Entitéit, déi beim RBE ageschriwwen ass, muss do eng Rei Informatiounen uginn. An deenen 3 Joer gouf dës nei Obligatioun vun den zoustännegen Autoritéiten e puer Mol rappelléiert. Ënner anerem si jo och Asble betraff.

Verstéiss géint d’RBE-Gesetz kënne mat Geldstrofe sanktionéiert ginn, déi vun 1.250 Euro bis 1.250.000 Euro goe kënnen. Entitéiten, déi net un hirem agedroene Sëtz, respektiv hirer Adress ze fanne sinn, riskéiere souguer liquidéiert ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO