Invité vun der Redaktioun (10. Dezember) - Laura ZuccoliLëtzebuerg bräicht eng gerecht Verdeelung vu klenge Flüchtlingsstrukturen

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moie war d'Asyl- a Migratiounspolitik Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Laura Zuccoli
E Mëttwoch de Moie war d’Asyl- a Migratiounspolitik Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

E Mëttwoch ass den Internationalen Dag vun de Mënscherechter. fir déi Occasioun war d’Laura Zuccoli vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot eis “Invitée vun der Redaktioun” um Radio. Grad wéi aner Mënscherechtsorganisatiounen och, gesäit de Flüchtlingsrot déi méi repressiv Schinn an der europäescher Asylpolitik kritesch. D’Zeeche géife kloer op Ofschottung stoen, sou d’Laura Zuccoli. E Méindeg huet den éischte gemeinsamen Asyl- a Migratiounspakt jo eng wichteg Hürd um Niveau vun den europäeschen Inneministere geholl, dat en vue vun der geplangter Ëmsetzung am Juni d’nächst Joer.

D’Ziler si kloer: Déi illegal Immigratioun soll ënnerbonne ginn, mat méi strenge Grenzkontrollen a méi Retouren an d’Heemechtslänner, wa Leit kee Recht op Asyl an Europa kréien.

Mat Retourzenteren ausserhalb vun der EU soll Drock gemaach ginn

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot stéiert sech ënnert anerem un de geplangte Retourzenteren an Drëttstaaten (“returnhubs”) wou Persoune sollen an Zukunft kënnen ofgewise ginn. Sief et als Transit ier se an hir Heemechtsland kommen, sief et op eng durabel Manéier. D’Laura Zuccoli weist sech beonrouegt iwwert dëst Konzept. Hei géif eng Problematik externaliséiert a Leit a Länner geschéckt ginn, mat deenen se guer näischt ze dinn hunn. De Flüchtlingsrot freet sech dann och, a wéi wäit op deene Plazen dann och dat internationaalt Recht respektéiert gëtt.

Ëmmer méi Leit an der “Maison de retour” awer nach ëmmer kee Konzept

Zu Lëtzebuerg géif Drock gemaach gi mat der sougenannter “Maison de retour” fir méi ofgewisen Asyldemandeuren dozou ze kréien, fräiwëlleg heem ze goen. An der Struktur an der Luxexpo um Kierchbierg wieren ëmmer méi Leit, och Familljen. Mä och ee Joer no der Ouverture géif et nach ëmmer kee Konzept ginn.

Flüchtlingsrot plädéiert fir eng equitabel Verdeelung vu klenge Flüchtlingsstrukturen am ganze Land

Zanter Jore sinn d’Foyere fir Asyldemandeure chronesch ausgelaascht. Den Ament sinn iwwer 97 Prozent vun den am ganze ronn 8.300 Better beluecht. Et ass kloer, datt do e Manktem ass, sou eis Invitée e Mëttwoch. Mä et geet net weider.
D’Laura Zuccoli huet an deem Kontext gefrot, wou de pluriannuelle Plang aus dem Regierungsrot drun ass, deen de Bauteministère u sech opstelle sollt. Och den annoncéierten Audit iwwert den ONA, den Office national de l’Accueil, an d’Gestioun vun de Flüchtlingsheemer géif nach ëmmer op sech waarde loossen.

De Flüchtlingsrot bleift derbäi. D’Gemenge misste méi vum zoustännege Minister Max Hahn an d’Verantwortung geholl ginn. Hei misst dat ganzt Land solidaresch sinn, mat enger equitabeler Verdeelung duerch ganz Lëtzebuerg. Da kéint een och, wéi gewënscht, méi kleng Strukturen opmaachen. Aner Piste wiere Container a Baulücken, déi genotzt kéinte ginn.

Foyer Don Bosco zanter 10 Joer an engem desolaten Zoustand

D’Laura Zuccoli huet e Mëttwoch de Moien d’Beispill vum Foyer Don Bosco genannt, dee schonn 2015 u sech sollt zougemaach ginn, fir renovéiert ze ginn. Wéinst der grousser Well vu Flüchtlingen aus Syrien ass dat net geschitt. Et wier een ni aus der Urgence rauskomm, argumentéiert de Familljeministère. Mä d’Konditiounen am Don Bosco wieren desolat, sou d’Vertriederin vum Flüchtlingsrot. Grad wéi zu Miersch. Do kéint ee mol keng Dieren an den Zëmmeren zouspären. Dat wier alles anescht wéi mënschewierdeg.

De Flüchtlingsrot hätt dowéinst gär, datt dat neit Salubritéitsgesetz sech och op Flüchtlingsstrukturen applizéiere géif. Dann hätt een op mannst e legale Kader op deen ee sech beruffe kéint. An deem Gesetz si beispillsweis 9 Meterkaree Wunnfläch pro Persoun virgeschriwwen. Haut géife 6,7 Leit an engem Zëmmer hocken.

D’Laura Zuccoli huet sech e Mëttwoch op en neits derfir staark gemaach, datt d’Demandeurs d’asile direkt kéinte schaffe goen, wa se nach an der Prozedur sinn. D’Leit sollten direkt aktivéiert ginn, fir datt se schonn am Aarbechtsprozess dra sinn, wa se duerno de Flüchtlingsstatut kréien a kee Recht méi hunn an enger Struktur fir Demandeurs d’asile ze bleiwen. Vill unerkannte Flüchtlinge fanne sech haut nach op der Strooss erëm. Iwwer 100 Leit, virun allem aus Eritrea haten am Summer d’Regierung dowéinst ugeschriwwen an op d’Logementsproblematik opmierksam gemaach.

E Mëttwoch de Moie war d’Asyl- a Migratiounspolitik Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO