Däitsche Philosoph Arnd Pollmann"Leider net sécher, dass mir net nees zréckfalen an däischter Zäiten"

Caroline Mart
Den Arnd Pollmann ass en däitsche Philosoph, deen zu Berlin léiert a fuerscht zur Ethik a Moralphilosophie, mä och der Philosophie vun de Mënscherechter.
De ganzen Interview mam däitsche Philosoph Arnd Pollmann
Den Arnd Pollmann ass en däitsche Philosoph, deen zu Berlin léiert a fuerscht zur Ethik a Moralphilosophie, mä och der Philosophie vun de Mënscherechter.

D’Geschicht vun de Mënscherechter wier eng Entwécklung a si wiere ni ofgeséchert.

Op Invitatioun vun der Erwuessenebildung war de Professer Pollmann fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg eben iwwer Mënscherechter an Aarmut.

Am RTL-Interview geet et ëm de Krich: Souwuel am Noen Oste wéi och an der Ukrain wier am Fong eng Flicht reng am Numm vun de Mënscherechter z’intervenéieren, fir déi Kricher ze stoppen, och wann et keng international Instanz a Konsens dofir géinge ginn.

De wichtegste Prinzip vun de Mënscherechter ass deen, dass déi fir all Mënsch, egal wou op der Welt op déi selwecht Aart a Weis gëllen, och do ass dat de Prinzip an net d’Realitéit.

Iwwert ons Lëtzebuerger Debatt ëm Heescheverbuet, seet de Philosoph, dass ee sech och froe misst, firwat et Verschiddener esou stéiert, Heescherten an Aarmut ze gesinn an Aarmut, déi net absolut ass an onse räiche Länner, wier eng Fro ass vu Mënschewürd .

Den éischten Ugrëff op d’Würd vum Mënsch geschitt verbal, grad Politiker hätten do eng grouss Verantwortung, fir genee opzepassen an et wier ze einfach, herno just ze soen, et war net esou gemengt, leider wier dat ganz dacks eng bewosste Strategie.

Back to Top
CIM LOGO