Anti-Mobbing-Coach zu LëtzebuergLéiert d'Kanner géigesäitege Respekt an Toleranz, sou de Carsten Stahl

RTL Lëtzebuerg
Hie war Affer, Täter, Mattäter a kriminell, a wëll elo mat sengen Erfarunge Kanner a Jugendlecher hëllefen.
Anti-Mobbing-Coach Carsten Stahl zu Lëtzebuerg
Hie war Affer, Täter, Mattäter a kriminell, a wëllt elo duerch seng Erfarunge Kanner a Jugendlecher hëllefen.

De fréieren däitschen Acteur Carsten Stahl war e Mëttwoch am Kader vun enger Konferenz fir d’Schoulpersonal op Besuch zu Lëtzebuerg, fir seng Präventiounsseminäre géint Mobbing ze präsentéieren.

De Carsten Stahl am Studio beim Dan Spogen

Nodeems säin eegene Jong viru méi wéi 10 Joer Affer vu Mobbing an der Schoul ginn ass, huet de Carsten Stahl decidéiert, seng Bekanntheet ze notzen, fir op de Problem vum Mobbing opmierksam ze maachen. Mëttlerweil ass hien a ganz Däitschland an och zu Lëtzebuerg ënnerwee, fir Jonker an och d’Léierpersonal ze sensibiliséieren.

Dem Carsten Stahl no hätt hie besonnesch duerch seng eege Kandheet a Jugend d’Méiglechkeet, een Accès zu deene Jonken opzebauen, deen d’Léierpersonal dacks net huet.

“Ich bin Opfer, Täter und Mittäter, und war sogar kriminell. Ich weiß von was ich rede, denn ich hab’s selbst erlebt”, sou de Carsten Stahl.

Et ass haaptsächlech déi digital Entwécklung, déi dem Carsten Stahl Suerge mécht: War et fréier nach éischter duerch physesch Ausernanersetzungen, sou geschitt de Mobbing haut gréisstendeels iwwer déi Sozial Medien.

D’Fäll vu Mobbing huelen dem Carsten Stahl no och ëmmer méi zou. Dofir bräicht et eng méi breetgefächert Präventiounsaarbecht, an do sollten d’Schoule sech och, wann néideg, méi Ënnerstëtzung un d’Säit huelen.

“Ich kann den Schulen nur sagen: Nehmt Hilfe an, nutzt die Möglichkeiten, die da sind und wenn die nicht funktionieren, holt andere dazu. Ich mache keiner Schule einen Vorwurf, dass sie diese gesellschaftlichen Probleme hat, aber wie sie damit umgeht, ist entscheidend.”

Dem Carsten Stahl ass et besonnesch wichteg, ze betounen, dass all d’Ressourcen, déi an d’Präventioun fléissen, ee kruzialen Investissement an d’Kanner an d’Jugendlecher sinn. Säin Haaptmessage: Léiert d’Kanner géigesäitege Respekt an Toleranz.

Back to Top
CIM LOGO