Iwwert déi lescht néng Méint waren Dosenden Pro-Palästina-Manifestatiounen zu Lëtzebuerg. An och iwwert d’Summervakanz wëllen d’Organisateure vum CPJPO, der Plattform fir Fridden am Noenosten, drun erënneren, datt d’Awunner a Gaza net zur Rou kommen.
Eng 150 Leit haten de Wee op Zéisseng fonnt, fir un dëser Manifestatioun deelzehuelen. Hei gouf sech iwwert déi katastrophal Situatioun an der Gazasträif ausgetosch an zesumme goufe wieder Manifestatioune fir déi nächste Wochen a Méint geplangt. Si fuerderen ënnert anerem, datt déi westlech Regierunge Verantwortung mussen iwwerhuelen a méi Drock op Israel ausüben, fir datt d’Situatioun an der Gazasträif sech verbessert. Fir den Drock op eis Politiker z’erhéijen, wäerten och iwwert de Summer nach Maniffe sinn, och wann dat no der Vakanz wuel nees unzéie wäert.
De Leit, déi sech zu Zéisseng afonnt haten, ass et kloer, datt si hei musse protestéieren, fir datt sech d’Situatioun a Gaza verbessert, well déi ass alles anescht, wéi ideal. Mol net, wann ee sech just déi plakeg Zuele vun der UNO ukuckt: 40 Milliounen Tonnen U Bauschutt sinn duerch déi militäresch Attacke vun Israel entstanen. Eng 100 Camionen den Dag bräicht de Berechnungen no 15 Joer, fir dëse Chaos ze entsuergen. D’Bommen hunn insgesamt 137 .000 Gebaier zerstéiert. Betraff si Schoulen, Spideeler, Stroossen, awer och Kanalisatiounen a vill Privathaiser. An dat sinn elo alles Zuelen, déi een och a Gelder chiffréiere kann, wat ee vum mënschleche Leed, deen dohanne passéiert, guer net maache kann.
Nodeems den internationale Geriichtshaff zu der Konklusioun kënnt, dass Israel palästinensesch Gebidder illegaler Weis besat huet, plädéiert den UN-Generalsekretär Guterres erëm fir eng politesch Léisung vum Konflikt, an dat wier eng Zweestaateléisung. Virdrun hat den internationale Geriichtshaff zu Den Haag an engem Rapport festgehalen, dass Israel esou séier wéi méiglech seng Besatzung ophale muss.