Visitt vum PoopstLeit, déi Tickete fir d'Kathedral kruten, mussen duerch Sécherheetskontrollen

Claudia Kollwelter
D'Claudia Kollwelter huet mam Generalvikar Patrick Muller iwwert den Oflaf vun der Feier geschwat.

10.190 Leit hate sech via Onlineformulaire gemellt, fir eng Plaz an der Kathedral ze kréien, wann de Poopst den 26. September op Visitt ass. 650 Plaze waren awer nëmme fräi, deemno huet d’Lous missen decidéieren. E Méindeg kruten d’Leit via Mail Bescheed gesot, ob se zréckbehale goufen oder net.

Preparatioune fir Poopstvisitt / Reportage Claudia Kollwelter

Déi 650 Leit aus dem Grand-Public, déi eng Plaz an der Kathedral oder awer am gehëtzten Zelt am Bannenhaff kruten, musse sech de 26. September am Foyer vum groussen Theater presentéieren:

An da ginn se do duerch Metalldetektoren wéi um Flughafen gecheckt. Se däerfen och keng geféierlech Géigestänn matbréngen, wa méiglech also dat meescht doheem loossen. Se hunn awer d’Méiglechkeet, an engem Vestiaire och hir Saachen ofzeginn, an no der Feier muss een erëm mat deene Bussen, déi se an d’Kathedral bréngen, och kënnen eropkommen, an dann kënne se déi Saachen recuperéieren.

Vue datt d’Leit vun 14,30 Auer respektiv 15 Auer un da schonn an der Kathedral wäerte sëtzen, gi Waasserflächen a Müsliriegelen verdeelt, esou de Patrick Muller.

Dat dauert jo alles, bis déi Leit kënne kontrolléiert ginn an dann an d’Kathedral bruecht ginn. An d’Feier wäert jo dann um 17.30 Auer eriwwer sinn. Do an deene puer Stonne kann ee vläicht no Waasser verlaangen oder och emol eppes, wat de Bluttzockerspigel an der Luucht hält.

De Generalvikar betount, datt et en enormen Opwand wier:

Sou ab Christi Himmelfaart ass et wierklech richteg lassgaangen. An d’Reunioune virun der Vakanz hu sech gehäuft. Et war e bësse méi lues elo gaangen am August, mee elo si mer scho voll amgaangen. Muer ass erëm eng grouss Reunioun, wou mer alles nach eng Kéier am Detail duerchkucken. Et steet eigentlech, mee et sinn ëmmer erëm kleng Detailer ze adaptéieren.

Soss wiere sou Visitte vum Poopst schonn e Joer am Viraus annoncéiert a geplangt ginn, huet de Patrick Muller nach betount.

Back to Top
CIM LOGO