An der Nuecht op e MéindegLeit, déi ze vill gedronk haten a Musek, déi ze haart war

RTL Lëtzebuerg
An der Stad hat eng staark alkoholiséiert Persoun e Sonndeg an enger Bar déi aner Leit belästegt a war duerch säin Zoustand eng Gefor fir sech an déi aner.

En huet d’Nuecht an der Ausniichterungszell verbruecht. Dat nämmlecht huet fir eng Persoun gegollt, déi ze vill gedronk hat, versicht huet, eng Strooss zu Esch ze blockéieren an en Auto gestoppt huet.

Landeswäit gouf dann an der Nuecht op e Méindeg och 20 Mol d’Police geruff, well d’Musek a Lokaler ze haart war oder d’Nopere sech iwwert ze vill Kaméidi beschwéiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO