Et geet drëm, de Stroumreseau net ze vill ze strapazéieren, well soss grouss Käschte fir den Ausbau vum Netz op d’Land duerkommen. Dat kléngt plausibel, et wërft bei de Leit dach awer eng ganz Partie Froen op.
Et wäert hei méi Informatioun kommen, seet de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles:
“Elo ass et un eis als Ministère, fir ze sensibiliséieren an ech hunn och do direkt der Klima-Agence den Optrag ginn fir ebe grad déi Kommunikatioun och richteg eriwwer ze bréngen.”
Konkret Reche-Beispiller konnt de Minister Delles nach keng ginn. Dat géif vun ze vill Facteure vum individuelle Verhale beim Stroumkonsum ofhänken.
Bei den neien Tariffer fir d’Netzkäschte fäerten d’Leit, dass si bei der Rechnung de schwaarze Péiter kréien, nodeem si hiert Konsumverhalen am Sënn vun der energeetescher Transitioun geännert hu mat Elektromobilitéit oder nach Wärmepompel.
“Et ass kloer, dass wann een op d’Elektromobilitéit gaangen ass, a wann een eng Wärmepompel doheem huet, et nach ëmmer méi bëlleg ass mam Elektresch, wéi wann ee mat fossillen Energie fiert. Op der anerer Säit sinn d’Netzkäschte partie intégrante vun den Elektreschpräisser... hei geet et drëm, déi Spëtzten esou vill wéi méiglech aus dem Elektresch ofzeflaachen, fir dann d’Netz mussen direkt esou staark aus ze bauen.”
Un d’Konsumenten ass et den Tuyau, manner Stroum ze verbrauchen an dee Konsum méi breet iwwert den Dag strecken.
Den Energieminister huet och nach emol un de Sënn an Zweck vun enger privater Photovoltaik-Installatioun erënnert.