
Net nëmmen datt de Vize-President, a fréiere President Christophe Schiltz Äddi gesot krut, well hien Ambassadeur zu Roum gëtt, mee och den Ierfgroussherzog Guillaume krut Merci fir seng Aarbecht am Staatsrot gesot.
Well hien am Oktober als Lieutenant-Représentant vereedegt gëtt, ass de Prënz vun deem Dag un och net méi Staatsrotsmember.
Dës Plaz bleift deemno op, bis datt de Grand-Duc en Ierfgroussherzog nennt, an deen dann och an de Staatsrot nominéiert gëtt - deemno gëtt de Prënz Charel, och wann hie mat 18 Joer Grand-Duc Héritier gëtt, net d’office Conseiller am Staatsrot, mee muss nominéiert ginn.
Sou gesäit et den Artikel 4 vum Gesetz iwwert d’Organisatioun vum Conseil d’Etat vir. Och den Ierfgroussherzog Guillaume koum eréischt mat 23 Joer an de Staatsrot.
De Prënz Guillaume gëtt den 8. Oktober als Lieutenant-Représentant vereedegt, dat 24 Joer nodeems hien den Eed als Ierfgroussherzog geleescht huet - bis datt de Prënz Charel dës Funktioun iwwerhëlt, dauert et also nach 14 Joer.
Dës Woch gouf iwwerdeem mam Kopleschter CSV-Buergermeeschter Thierry Schuman de Successeur fir de Patrick Santer am Staatsrot gewielt.
Wien de Poste vum Christophe Schiltz iwwerhëlt, wäert am Staatsrot selwer decidéiert ginn, nodeem och dës Plaz mat 2 Profiller ausgeschriwwe gëtt.