
D'ëffentlech Schold kéint vun 26,5% am Joer 2025 op 39% am Joer 2031 eropgoen. Domat géingen d'Maastricht-Krittäre vun 2029 un net méi respektéiert ginn, spréch: de Staatsdefizit géing d'Grenz vun 3% vum PIB duerchbriechen.
Ee Grond heifir wier de Käschtepunkt vun der Steierreform. Déi Gréng Deputéiert Sam Tanson huet de Sujet opgegraff an eng urgent parlamentaresch Fro un de Finanzminister Gilles Roth gestallt. Ënner anerem gëtt den CSV-Minister gefrot, ob d'Aschätzung vum FMI gedeelt gëtt, ob d'Käschte vun der Steierreform vläicht ënnerschat goufen an ob d'Budget-Politik elo misst adaptéiert ginn.