Experte vun der OECDLëtzebuerg brauch e méi zilorientéierte Budget

RTL Lëtzebuerg
D'OECD intresséiert sech reegelméisseg fir d'Lëtzebuerger Staatsfinanzen an d'Budgetspolitik.
© RTL (Archiv)

Budgetspolitik / Reportage Jean-Marc Sturm

An den zoustännege Chamberkommissioune kréien d’Deputéiert da vun den internationalen Experten normalerweis hir Bedenken iwwert een ze generéisen Sozialsystem zerwéiert, ënnert anerem
um Niveau vun de Pensiounen. Grad sou dacks sinn et Kriticken, wat den Indexsystem betrëfft. Ma dëst Kéier war dat anescht.

No der Reunioun vun der parlamentarescher Kommissioun, déi d’Ëmsetze vum Budget iwwerwaacht, sote d’Politiker sech nawell positiv iwwerrascht. An de Recommandatioune vun den OECD-Experte goung et ëm ee méi zilorientéierte Budget.

D’Stéphanie Weydert (CSV) nennt do zwee spezifesch Budgetsposten, bei deenen esou eng Approche definitiv Sënn géif maachen. “Et huet een, wat d’Klima ugeet, och déi sozial ‘Lutte contre la pauvreté’. Dat huet sech dës Regierung op de Fändel geschriwwen, an dat ass fir mech och eng vun de politesche Prioritéiten, déi mer nieft der Ekonomie an dem Ëmweltvolet hunn, wou mir mussen de Schwéierpunkt dropleeën a wou mer och wierklech musse moosse kënnen, wat d’Zuelen ugeet, dass mer do d’Aarmut erof kréien.

Och op der Oppositiounsbänk gëtt d’Approche begréisst, seet de Franz Fayot LSAP. “Et gëtt der Chamber eng besser Upak, fir ze kontrolléieren, eng besser Visibilitéit an natierlech och méi ee politesche Rôle an där ganzer Budgetsprozedur, wéi dat elo de Fall ass, wou de Minister am Ufank eng Ried hält an dann iwwer zwee Méint all d’Posten ausernaner gepléckt ginn, awer ouni wierklech grouss Visioun oder ouni grousst Bild, wat dee Budget dann och politesch duerstellt”.

Et wier ee Paradigmewiessel, dee Sënn mécht, soe se queesch duerch d’Bänken um Krautmaart, well et erlaabt, méi genee ze suivéieren, wou een d’Suen asetzt a wat et um Enn och bréngt.

Back to Top
CIM LOGO