
Dat sinn déi Länner, déi d’Ukrain militäresch ënnerstëtzen, nodeems de Krich zanter knapp 760 Deeg amgaangen ass. D’EU kënnt awer bei der Waffe-Produktioun net méi no.
Am Benelux-Kader hat Lëtzebuerg rezent wësse gedoen, dass baussent der EU weider Artillerie-Munitioun fir d’ukrainesch Truppe kaf goufen an datt ënnert anerem scho 6.000 schwéier Obusen, 40.000 Mitrailletten an 10 Stroum-Gruppen un d’Ukrain geliwwert goufen. Klassesch Munitioun ass awer just ee Volet.
Den Ukrain-Krich ass dee Konflikt, an deem déi meeschten onbemannte Waffen, haaptsächlech Dronen agesat ginn. Do sinn IT- a Kommunikatiounstechnik den A an den O. Lëtzebuerg hëlleft nieft Estland an aacht weidere Länner op deem Plang, fir d’ukrainescht Militär ze moderniséieren, an huet ewell 10 Milliounen an dee Projet investéiert.
Bannent de leschten 2 Joer huet Lëtzebuerg eng 170 Milliounen an d’ukrainesch Defense investéiert - eleng fir dëst Joer sinn eng 70 weider Milliounen am Budgetsprojet virgesinn, fir sech militäresch géint d’russesch Truppen ze wieren. Waren initial 27% vum ukraineschen Territoire vun de Russe besat, sou ass deen Taux op entretemps 18% zeréck gaangen.