
Lëtzebuerg huet am Kampf géint déi international Korruptioun nach vill Hausaufgaben. D’Organisatioun fir ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) huet d’lescht Woch hire 4. Rapport iwwert Lëtzebuerg publizéiert. Am Rapport ginn eng Rei Fortschrëtter an de leschte 13 Joer begréisst, ewéi zum Beispill de legale Schutz vu Whistleblower oder nach eng besser Zesummenaarbecht mat anere Länner.
Par konter rifft d’OECD Lëtzebuerg op, de reelle politesche Wëllen opzebréngen, fir nohalteg Léisungen zu strukturelle Problemer ze fannen. Se bedauert zum Beispill eng ganz schei Ëmsetzung vun der Infraktioun vun transnationaler Korruptioun a wéineg Enquêten a guer keng Poursuitte a Fäll vu Korruptioun vun auslänneschen Beamten. Besuergt ass d’OECD och iwwert den niddrege Niveau vun den Amende géint Persounen an Entreprisen. Dës wiere net dissuasiv genuch, wann een d’Gravitéit vun Infraktioun géing kucken.
Fir d’Examinateure misst Lëtzebuerg ënnert anerem d’Cellule de renseignement financier (CRF) weider stäerken an Beamte vun de Steierverwaltunge weider sensibiliséieren.