
Lëtzebuerg muss dowéinst eng Amende vun 375.000 Euro bezuelen. D’Direktiv gouf awer 2023 an nationaalt Recht ëmgesat. D’Regierung vun deemools war spéit mam Depot un, ma de Staatsrot hat och ee Joer mat sengem Avis gebraucht.
D’Justizministerin Elisabeth Margue sot op Nofro:
“Mir kruten de Moien effektiv eng Strof, well mer dee Projet de loi iwwert d’Lanceurs d’alerte ze spéit gestëmmt hunn an der Chamber. Den Delai de transposition war am Joer 2021 an en 2023 gestëmmt ginn an der Chamber an deementspriechend krute mer elo eng Strof, well mer ze spéit u waren. Mee de Projet ass elo do, d’Gesetz ass gestëmmt an dofir gëtt et näischt méi soss ze maachen.”
Ausser d’Amende vu 375 000 Euro bezuelen.