Lëtzebuerg investéiert 2,6 Milliarden Euro an d’Verdeedegung. Notamment fir nei Gefierer ze kafen, déi gebraucht ginn, fir bis 2030 de geplangte Belsch-Lëtzebuerger Batailloun en place ze setzen. Et ginn am Ganzen 59 schwéier Gefierer kaaft, plus logistesch Gefierer, Camionen a Waggone fir den Transport. Eng historesch Investitioun an d’Lëtzebuerger Arméi.
Eng Investitioun, déi am Koalitiounsaccord festgehalen ass a laanscht déi Lëtzebuerg och net kënnt, heescht et vun der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes.
“D’Nato moderniséiert sech, fir deenen neie Geforen entgéintzekommen. All Land muss sech selwer verdeedegen, mä mir mussen et och zesumme maachen. Eis kollektiv Defense renforcéieren an dofir muss och Lëtzebuerg säin Deel dozou bäidroen.”
D’Verdeedegungsministesch schwätzt vun engem Paradigmewiessel. D’Nato wier net méi just do fir Friddensmissiounen, mä och fir den eegenen Territoire ze verdeedegen. Fir Lëtzebuerg heescht dat sech ëmstellen.
De Chef d’Etat-Major, de Generol Steve Thull, seet, do stéing ee virun enger zweeter grousser Etapp.
“Dat ass fir vun der Reconnaissance légère de combat op eng Reconnaissance de combat de type median eriwwer ze goen. Et ass do wou dann och d’Gamme vun de Gefierer muss an d’Luucht goen. Bis elo hu mer Gefierer an enger Gamme vu bis 10 Tonnen. Mat där hei Acquisitioun komme mer an eng Gamme vu Gefierer vu 25 Tonnen.”
Fir déi ze transportéieren ass net méi sou einfach. Wéinst dem Gewiicht géif zum Beispill just ee Gefier an de Militärfliger A400M passen. Aus deem Grond ginn zum Beispill och nach Camionen a Waggone fir den Transport kaaft.
Mat deenen neie Gefierer ze trainéieren, ass iwweregens och méi komplizéiert. Se si bis zu 3 Meter breet. Dat ass méi wéi d’Hallschent vun der Strooss hei am Land. Och dofir ass et wichteg, fir mat der Belsch a mat Frankräich zesummenzeschaffen a vun hiren Trainingsterrainen ze profitéieren, esou de Chef d’Etat-Major.