KorruptiounsindexLëtzebuerg ka sech ëm 3 Plaze verbesseren an ass elo an den Top 5

Andy Brücker
Lëtzebuerg huet sech am neie Korruptiounsindex vun der ONG Transparency International verbessert.
© Envato

Et geet mat engem Score vun 81 vu maximal 100 Punkten ëm 3 Plazen an d’Luucht, vun der 8 op d’5.

An anere Wierder: just a 4 anere Länner op der Welt spillt d’Korruptioun nach manner eng Roll wéi hei am Grand-Duché. Dat sinn Dänemark, Finnland, Singapur an Neiséiland.

Am schlechtsten ewech komme Somalia an de Süd-Sudan op den zwou leschte Plazen.

Am Rapport vun dësem Joer axéiert sech Transparency mat engem besonnesche Fokus op de Lien tëscht Korruptioun an der Lutte géint de Klimawandel.

Fir Dänemark ass et dat siwent Joer hannerteneen, wou een um Korruptiounsindex op Plaz 1 läit, dat mat engem Score vun 90 Punkten.

Top10 + eis Nopeschlänner

1) Dänemark - 90 Punkten
2) Finnland - 88 Punkten
3) Singapur - 84 Punkten
4) Neiséiland - 83 Punkten
5) Lëtzebuerg - 81 Punkten
5) Norwegen - 81 Punkten
5) Schwäiz - 81 Punkten
8) Schweden - 80 Punkten
9) Holland - 78 Punkten
10) Australien - 77 Punkten
...
15) Däitschland - 75 Punkten
...
22) Belsch - 69 Punkten
...
25) Frankräich - 67 Punkten

CPI 2024: Highlights and insights
Iwwersiichtskaart vun Transparcency International, mat alle Länner
www.transparency.org

Back to Top
CIM LOGO