Finanzminister gëtt Inkoherenzen zouLëtzebuerg kann net op Tubak-Accisë verzichten, esou de Gilles Roth

RTL Lëtzebuerg
Déi Gréng haten eng Aktualitéitsstonn ugefrot. Notamment si, awer och d'Sozialisten, hunn eng méi staark Hausse vum Tubakspräis gefuerdert.
© RTL-Archiv

“Dat, wat den Deputéierte Gilles Roth 10 Joer laang an der Oppositioun gesot huet an dat, wat hien elo als Finanzminister mécht, ass inkoherent.”

Dat sot en Dënschdeg keen anere wéi den CSV-Politiker Gilles Roth selwer, wéi et um Krautmaart ëm Inkoherenzen tëschent der Gesondheetspolitik an den Tubakspräisser goung.

Diskussioun ëm den Tubak / Rep. Dany Rasqué

Den LSAP-Deputéierten a fréiere Santésminister Mars di Bartolomeo huet präziséiert, datt hie mat senger Kritik net just déi hei Regierung viséiert. Et géif nämlech ëm e Widdersproch goen, deen et bis elo nach an all Regierung ginn hätt. Lëtzebuerg géif esou munches géint den Abus vum Tubak maachen, mä anengems de Gebrauch dovunner promouvéieren.

“Ech explizéiere mech. Bei eis läit de Präis fir e Pak Zigarette vun 20 bei ronn 5 Euro. A Frankräich sinn et vum Januar un 11 bis 12 Euro an der Belsch 7,5 Euro bis 8 Euro. Idem an Däitschland. Da solle mer net kommen, dass mer a Saache Präispolitik elo e grousse Schratt maachen, wa mer 10 Cent an d’Luucht ginn. Dat ass Etiketteschwindel. Do maache mer net eppes fir d’Gesondheet, mä do maache mer eppes, fir datt nach bësse méi an de Budget era kënnt.”

D’Sozialisten an déi Gréng hu bedauert, datt si sech ni duerchgesat kruten, fir d’Präisser vum Tubak däitlech an d’Luucht ze setzen.

De Grénge François Bausch huet sech un de CSV-Finanzminister Gilles Roth adresséiert:

“Dofir hoffen ech, datt et iech elo besser geet, wéi et eis gaangen ass an deene leschte fënnef Joer. Datt Dir Iech mat deem duerchsetzt, wat der an där leschter Legislaturperiod vertratt hutt. Soss kënnt der Iech op de Budget schreiwen ‘Dëse Budget verursaacht schwéier Gesondheetsproblemer.’”

De Gilles Roth hat scho gesot, hie kéint net op d’Accise verzichten, déi Lëtzebuerg duerch de Verkaf vun Tubak erakritt. Dat ass eng Milliard Euro. E Chiffer, deen hie selwer virun annerhallwem Joer an der Chamber “carrément verréckt” am Verglach mat anere Budgetsposte genannt huet. Dofir och en Dënschdeg dës Ausso vum Gilles Roth:

“Jo, ech soen Iech riicht eraus: dat wat mer maachen ass inkoherent an et ass och inkoherent, wat den Deputéierte Roth gesot huet an déi Politik, déi en elo als Finanzminister mécht, als en Deel vun dëser Regierung. Ech stinn dozou a soen dat éierlech.”

Den aktuellen a viregte Koalitiounspartner DP huet sech fir méi Präventioun staark gemaach, huet awer och ënnerstrach, datt Leit, déi fëmmen, an hiren Aen net dierfte stigmatiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO