Attraktiivst AarbechtsplazenLëtzebuerg kënnt am weltwäite Ranking op Plaz 32

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift d'Jobbourse jobs.lu an engem Communiqué. 150.000 Employéeën aus der ganzer Welt haten heifir un enger Ëmfro vum StepStone Group deelgeholl.
© Envato KostiantynVoitenko

De Grand-Duché kann domadder seng Beléiftheet als Aarbechtsplaz géigeniwwer 2020, wou een op déi 36. Plaz koum an 2018, wou et eng 38. Plaz gouf, verbesseren. D’Stad Lëtzebuerg eleng kënnt am Ranking op déi 48. Plaz.

Lëtzebuerg gouf am heefegsten a Portugal als beléiftst Aarbechtsplazen-Destinatioun genannt. 11% vun alle portugisesche Staatsbierger, déi befrot goufen, hunn uginn, datt si am léifsten zu Lëtzebuerg schaffe wéilten. 6% waren et a Pakistan an an der Belsch a 5% a Frankräich.

D’Plazen 1 bis 3 am Klassement beleeë London, Amsterdam an Dubai, déi beléiftst Länner sinn Australien, d’USA a Kanada.

Communiqué (Däitsch)

Back to Top
CIM LOGO