
Trotzdeem ass den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher net begeeschtert. Hie kritiséiert d’Manéier a seet, dass vill Defien nach opstinn.
Lëtzebuerg steet un der Spëtzt vun der Oplëschtung, setzt der Etüd no d’Kannerrechtskonventioun am beschten ëm. Knapp virun Island, Griichenland an Däitschland.
Dass sech Lëtzebuerg ganz uewe mat dëse Länner klasséiert, wäert den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit, als positiv. Dëst wier d’Resultat vun den héije budgetären Investissementer a Kanner a Jugendlecher. Besonnesch an de Bildungssystem an d’Ganzdaagsbetreiung, déi ugebuede gëtt.
“Dat sinn alles Elementer, déi positiv an d’Gewiicht falen”, ënnersträicht de Charel Schmit. Ma déi gutt Placéierung vum Land wier och d’Resultat vun, wéi een op Däitsch géing soen, “Vorschusslorbeeren”.
All 5 Joer evaluéiert de Genfer-Comité fir d’Kannerrechter d’Kannerrechter an de Memberlänner. Fir d’lescht gouf dës Evaluatioun 2021 gemaach. Deemools hätt de Kannerrechtscomité ganz positiv Annoncë gemaach, wat bestëmmten Ukënnegunge vun der Regierung ugaange sinn, erkläert de Charel Schmit. Dës missten elo awer nach an der Ëmsetzung realiséiert ginn. Zum Beispill d’Reform vum Jugendschutz, wou d’Spëtzt vum Äisbierg wier, dass nach ëmmer Jugendlecher am Prisong fir Erwuessener ënnerbruecht ginn.
E weidere Volet ass d’Virgoe géint d’Kanneraarmut an och, dass déi pediatresch Versuergung am Land misst verbessert ginn. Doriwwer eraus géingen d’Situatioun vun den iwwer 2.000 Kanner vu Refugiéen, déi am Land sinn, keen Néierschlag an der Statistik fannen.
Eréischt an 2 Joer wäert de Kannerrechtscomité vu Genf d’Situatioun nees eng Kéier evaluéieren. Bis dohinner géinge just sozioekonomesch Donnéeën am Kidsrights Index ugepasst ginn. Wann déi ugekënnegt Reforme bis dohinner net ëmgesat sinn, kéint een a Fro ze stellen, ob Lëtzebuerg sech nees esou gutt kéint placéieren. Zejoert louch Lëtzebuerg op Plaz 4, 2022 op Plaz 6. Ma 2021 war just déi 53. Plaz dran.
De Kidsrights Index ass eng Etüd, déi d’Rechter vu Kanner a Jugendlecher a verschiddene Länner weltwäit bewäert. E gëtt all Joer vun der Kidsrights Fondatioun erhuewen. Bewäert ginn d’Länner doranner, wéi gutt si Kannerrechtskonventioun ëmsetzen. Regierungen an Organisatioune sollen ugereegt ginn, Moossnamen a Strategien auszeschaffen, fir d’Situatioun vun de Kanner z’iwwerdenken an ze verbesseren.
“Déi éischt Plaz soll d’Regierung an d’Chamber weider encouragéieren, fir bei de Kannerrechter hir Ambitiounen, déi se par rapport vun de Kannerrechter annoncéiert hunn an d’Realitéit ëmzesetzen. Sou dass se mat bonne Pratiquen aner Länner inspiréieren”, fënnt de Charel Schmit. Et géingen hei am Land nach genuch Situatioune ginn, wou d’Kannerrechter net de Stellewäert hätten, dee se verdénge géingen.