Eng "Mauer vun den Nimm"Lëtzebuerg kritt en neit Denkmal fir d'Affer vun der Shoah

Claudia Kollwelter
E Monument fir d'Affer vun der Shoah zu Lëtzebuerg, eng sougenannt "Mauer vun den Nimm" - dee Projet huet de President vu MemoShoah Lëtzebuerg virgestallt.
D'Kaddish-Monument hannert der Kathedral an der Stad.
D’Kaddish-Monument hannert der Kathedral an der Stad.
© SIP / Julien Warnand

Am Kader vun enger Konferenz am Cerlce Cité an der Stad huet de President vu MemoShoah Lëtzebuerg, de Mil Lorang, den neie Projet fir en Denkmal presentéiert.

Lëtzebuerg kritt neit Denkmal fir Affer vun der Shoah / Rep. Claudia Kollwelter

Ophänkert vun där Konferenz war eng rezent Publikatioun an der renomméierter “Revue d’histoire de la Shoah”, an där de Fokus op Lëtzebuerg louch. Eng ganz Partie Punkte goufen en Donneschdeg ugeschwat, dorënner de Projet vun engem Gedenk-Monument.

Nodeems 2021 an der Gemeng Jonglënster sougenannte “Stolpersteen” fir Affer vun der Shoah, mä och fir Zaldote vun der Wehrmacht poséiert goufen, wier et kloer gewiescht, datt esou en Amalgamm net dierf geschéien. De Mil Lorang:

“D’Iddi war et also, aus dem Näischt déi Nimm vun de jiddeschen Affer vum Nationalsozialismus erauszehiewen an domat sech kloer ze positionéiere géint de Wëlle vum Nazi-Regime, d’Erënnerunge vun deene Leit fir ëmmer ze läschen, nodeems se se ëmbruecht hunn.”

Vun 2022 un huet een ugefaangen, d’Nimm ze sammelen, déi op dëst Monument solle stoe kommen. 1.222 goufe schlussendlech zréckbehalen.

De Mil Lorang erkläert ,no wéi enge Krittären déi Nimm erausgesicht goufen:

“Virop hu mer déi Leit geholl, déi bis den 10. Mee 1940 zu Lëtzebuerg gewunnt hunn an déi vu Lëtzebuerg, Frankräich an der Belsch oder a rare Fäll aus Däitschland deportéiert goufen a wärend der Deportatioun gestuerwe sinn. Zweetens déi Leit, déi am Kader vun der Nazi-Verfollgung gestuerwe sinn, mee net deportéiert goufen. Zum Beispill déi, déi an engem Internéierungscamp gestuerwe sinn oder déi sech ëmbruecht hunn, fir net deportéiert ze ginn. An drëttens déi Leit, déi duerch Krich-Faite gestuerwe sinn, notamment andeems se der franséischer oder belscher Resistenz bäigetruede sinn.”

Eng metalle Struktur mat den 1.222 Nimm ass geplangt a soll net wäit vum Kaddish-Monument hannert der Kathedral an der Stad stoe kommen.

Back to Top
CIM LOGO