Fir landwirtschaftlech ProduitenLëtzebuerg-Label kritt gréng Luucht an der Chamber

Pierre Jans
"Luxembourg Agréé par l'État". Dëse Schrëftzuch steet am Logo vum neien Agrement fir landwirtschaftlech Produite ronderëm de blo-wäiss-rouden "X".
© AFP (Archiv)

En Dënschdeg an der Chamber gouf et de Feu vert fir en neien Agrement, mat deem regional Produite promouvéiert solle ginn. En zweet Zil ass et, dem Konsument ze hëllefen, sech an der Villzuel vu Lëtzebuerger an auslännesche Labelen um Marché erëmzefannen. D’Piraten hu géint de Gesetzprojet gestëmmt, d’Deputéiert vun ADR an déi Lénk hu sech enthalen. Eng grouss Majoritéit huet also mat “Jo” ofgestëmmt, ma den Notze vum neien Agrement gëtt net nëmme vun der Oppositioun ugezweiwelt.

Neien Agrément / Reportage Pierre Jans

Fir unzefänken, ass d’Participatioun um neien Agrement- an Zerfiziéierungssystem fakultativ. E riicht sech och just u Gruppementer vu Produzenten – kleng Betriber sinn net viséiert.

Et geet graff gesot ëm e Logo op de Verpackunge vu Produiten. Ob e Produzent, dee matmécht, sech un d’Basis-Critèren hält, fir just d’Zertifizéierung ze kréien, oder ob e sech och nach fir zousätzlech Qualitéitsstandarden engagéiert: e kritt a béide Fäll dee selwechte Logo. Dat gëtt och dem DP-Deputéierte Gusty Graas ze bedenken.

“Wa mir e Produzent hunn, deen eben 2, 3 oder 4 Critèren erfëllt, plus eben deen obligatoreschen an een aneren, deen der 7 oder 8 erfëllt, da gëtt à priori no bausse keng Differenz gemaach. Dat ass wéi wann een en Exame mécht, an deen ee kritt bien an deen aneren très bien. Hei gëtt et dat net.”

D’CSV huet de Gesetzprojet zwar guttgeheescht, well en nationale Label, deen och EU-konform ass, wichteg wär. D’"Marque nationale” ass et nämlech net méi a muss ersat ginn. Begeeschtert ass d’CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen awer net.

“Wat denkt de Client wann en dee Logo gesäit? “Luxembourg Agréé par l‘État”. Deen denkt, dass dat e Produkt vun hei ass. An dass en d’Lëtzebuerger Landwirtschaft ënnerstëtzt, wann en dee Produit keeft. Dat ass awer net esou. Do kann all Gruppement matmaachen, och een aus Süditalien zum Beispill.”

Effektiv bedeit hei Regionalitéit, dass d’Produiten aus engem Ëmkrees vun 250 Kilometer vum Siège vum Betrib stamen. Egal wou deen ass. Et ass also net garantéiert, dass e Produit, deen an Zukunft mam faméisen “X” gelabelt ass, hei aus dem Land ass. Dee Begrëff op de Lëtzebuerger Territoire ze begrenze war wéinst den EU-Normen net méiglech. D’Rapportrice vum Projet de Loi, d’LSAP-Deputéiert Tess Burton, geet net dovun aus, dass Gruppementer aus dem Ausland den Agrement wëlle kréien, well:

“Finanziell Hëllefe ginn et just fir Gruppementer, déi zu Lëtzebuerg ugesidelt sinn.”

Schonn ier dëst Gesetz a Kraaft ass, sinn Zweiwelen do – bei der Oppositioun a bei de Majoritéitsparteien. De Landwirtschaftsminister Claude Haagen, dee bei der Sëtzung krankgemellt war, huet schonn zougesot, dass den neie System an zwee Joer soll op de Leescht geholl ginn.

PDF:

Back to Top
CIM LOGO