
Lëtzebuerg verléiert domadder am Ranking vun de 60 kompetitiivste Länner op der Welt ganzer 10 Plaze bannent zwee Joer.
Am IMD-Kompetitivitéitsklassement gi 4 verschidde Piliere gekuckt an dat schlechtste Resultat, dat Lëtzebuerg jee gemaach huet, hänkt gréisstendeels mat engem dovunner zesummen.
Nämlech mat de wirtschaftleche Performancen. Do geet et fir de Grand-Duché op déi 57. Plaz zeréck.
Historesch gesinn huet Lëtzebuerg bei de wirtschaftleche Performancen ëmmer gutt ofgeschnidden a louch virun zwee Joer an deem Beräich och nach un der Spëtzt. Du koum awer d’Inflatioun an et ass séier de Bierg ofgaangen. Als Ursaache ginn d’Wuesstemspann genannt an d’Baisse vun den auslänneschen Investissementer.
D’Effikassitéit vun de Betriber ass e weidere Pilier, wou Lëtzebuerg Plaze verléiert.
Zu de Schwaachpunkte ginn an deem Beräich déi duerchschnëttlech Aarbechtskäschte gezielt, déi zu Lëtzebuerg esou héich si wéi néierens anescht an der europäescher Unioun.
D’lescht Joer louche se bei 53,9 Euro. Dat wier eng kloer Brems am Verglach mat anere Ekonomien. Als Beispiller ginn Irland a Pole genannt, wou déi Käschte bei 40,2 Euro, respektiv bei 14,5 Euro leien.
Déi dräi Länner, déi am Beschten am Ranking ofschneiden, si Singapur, d’Schwäiz an Dänemark. Holland packt et op déi 9. Plaz, d’Belsch op déi 18.
Däitschland läit nach eng Plaz hannert dem Grand-Duché.
Dat eenzegt EU-Land, dat net evaluéiert gouf, ass Malta an am Cumul verléiert d’Europäesch Unioun 48 Positiounen.