Dëst sinn dem Premier Luc Frieden no d’Domainer Sécherheet, Klimawandel, Aarmut an Kompetitivitéit.
Fir sech eng Zukunft opzebauen, déi et wäert wier, gelieft ze ginn, géif Lëtzebuerg en oppent Land bleiwen, dat och de Virstellungen a Wënsch vun Net-Lëtzebuerger misst entspriechen, sou de Luc Frieden.
“Zur fräier Meenung gehéiert zum Beispill, dass se respektvoll ausgedréckt a respektvoll gehéiert gëtt. Dës Fräiheeten, déi mir all genéissen, an de géigesäitege Respekt dovunner, dat ass d’Grondlag vun eiser Demokratie zu Lëtzebuerg. Eng Demokratie ouni Fräiheet wier eng Fassad. An eng Demokratie ouni Respekt en Dialogue de sourds. A mir sollen eis weeder dat eent, nach dat anert erlaben. Mir brauchen d’Demokratie grad sou, wéi si eis brauch, fir se all Dag mat Liewen ze erfëllen.”
An engem kuerzen engleschen Deel vun der Ried sot de Premier, datt haart géif geschafft ginn, datt d’Land eent vum Zesummenhalt an der Prosperitéit wier, mee och sécher a fräi sollt sinn.
Als Gesellschaft wieren all Defien ze meeschteren, sou de Luc Frieden, deen a senger Usproch un d’Vollek zu Respekt an Unitéit appelléiert huet. Nëmmen esou wieren d’Valeure vu Fräiheet, Respekt an Demokratie z’erhalen.