Serie Atomenergie (Deel 3)Lëtzebuerg protestéiert géint Cattenom

RTL Lëtzebuerg
Am 3. Deel vun eiser Serie iwwer d'Atomenergie geheie mir e Bléck op de franséische Projet Cattenom an d'Protester, déi e begleet hunn.
Lëtzebuerg protestéiert géint Cattenom
Am 3. Deel vun eiser Serie iwwer d’Atomenergie, geheie mir e Bléck op de franséische Projet Cattenom an d’Protester, déi e begleet hunn.

Nodeems d’LSAP sech um Kongress am Dezember 1977 fir e Moratoire ausgeschwat huet, leien d’Pläng op Äis, 1979 gëtt de Projet ganz falegelooss. De Comité national d’action pour un moratoire, zu deem och d’Biergerinitiativ Museldall gehéiert huet, huet seng Protester dunn op de franséischen Projet Cattenom konzentréiert.

Vu Rëmerschen op Cattenom sinn et just 12 Kilometer Loftlinn. Vill Leit mengen haut, datt wann de Projet Rëmerschen realiséiert gi wär, d’Fransouse Cattenom net gebaut hätten. Dat ass falsch, seet den Historiker Sacha Pulli. Béid Projete ware vun Ufank u parallel geplangt. Et gouf esouguer en Entworf vun engem Staatsaccord fir d’Koexistenz vu béiden Atomzentralen ze reegelen.

Datt d’Fransousen eng grouss Atomzentral direkt un der Grenz bauen, mécht vill Lëtzebuerger rosen. Kuerz ier deen éischte Reakter a Betrib geholl gëtt, organiséieren d’Atomkraaftgéigner eng grouss Maniff un där dausende Mënschen deelhuelen.

Am Oktober 1984 gëtt d’Greenpeace-Sektioun Lëtzebuerg gegrënnt. Cattenom ass vun Ufank un eent vun den Haapttheme vun der Ëmweltorganisatioun. Greenpeace ass bekannt fir seng spektakulär Aktiounen. 1990 sinn Ëmweltaktiviste mat engem Ballon iwwer d’Atomzentral geflunn. Bei hiren Aktiounen ass et Greenpeace och ëmmer drëm gaangen, fir ze weisen, datt de Site net kann ofgeséchert ginn. 2017 hate sech Memberen op de Site vu Cattenom geschlach an e Freedefeier ofgeschoss.

Ëmmer nees goufen et Tëschefäll an der Atomzentral Cattenom. Mam Alter gëtt dat net besser, fäert de Roger Spautz, Grënnungsmember vu Greenpeace.

Et ass ewell eng Traditioun. All franséische President zanter dem François Mitterand ass bei senger Staatsvisitt zu Lëtzebuerg vun den Atomkraaftgéigner mat “Stop Cattenom"-Plakater empfaange ginn. Esoulaang Cattenom a Betrib bleift, wäert dës Traditioun wuel weidergoen.

Serie Atomenergie (Deel 1): Et goufen Iwwerleeungen, eng Atomzentral op d’Musel ze kréien
Serie Atomenergie (Deel 2): Atomkraaft-Géigner verhënneren de Projet Rëmerschen

Back to Top
CIM LOGO