
Et gëtt nämlech eng entspriechend international Demande vum Coordinatiounsbüro fir humanitär Hëllef vun der UNO.
Ënnert anerem gouf ee Member vun der humanitärer Ekipp (HIT), als Deel vum UNDAC-Team (United Nations Disaster Assessment and Coordination) vum OCHA, dem UN-Büro fir d’Koordinatioun vun humanitären Affären, an d’Karibik geschéckt, fir de Besoin un internationaler Hëllef anzeschätzen an d’Hëllefen op der Plaz ze koordinéieren.
Déi zwee aner Membere vum HIT goufen an d’Regioun geschéckt, fir iwwer déi mobil Satelitten-Telekommunikatiounsplattform emergency.lu d’Kommunikatiounsméiglechkeeten nees hierzestellen an der UNDAC-Ekipp mat logisteschen an technesche Mëttel ënner d’Äerm ze gräifen. Dat op Granada an op der Inselgrupp St-Vincent an de Grenadinnen.
