Pressebriefing nom RegierungsrotLëtzebuerg wäert männlechen a weibleche Kandidat fir Kommissärsposte virschloen

Jean-Marc Sturm
Pierre Jans
Nom Dossier Caritas an der Chamberkommissioun huet de Premier Frieden d'Press och iwwert de leschte Regierungsrot virun der Summervakanz gebrieft.
Pressebriefing nom Regierungsrot
Nom Dossier Caritas an der Chamberkommissioun huet de Premier Frieden d’Press och iwwert de leschte Regierungsrot virun der Summervakanz gebrieft.

Do war et d’Nouvelle, dass d’Regierung an der Fro vum nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär dem Wonsch vun der Ursula von der Leyen nokënnt, a paritéitesch eng Fra an ee Mann wäert virschloen.
Virun den Nimm missten d’Portefeuille bannent der neier Kommissioun gekläert ginn. D’Gespréicher tëscht der Regierung an der Kommissiounspresidentin ginn Enn August virun.

De Pressebriefing nom Regierungsrot / Jean-Marc Sturm

Am Hibléck op d’Roll vum Ierfgroussherzog Guillaume als Lieutnant-représentant vum Grand-Duc war et d’Nouvelle, dass d’Maison du Grand-Duc ëmorganiséiert gëtt. Et géif drëms goen, dem Lietnant-représentant déi Ekipp ze ginn, déi hie sech eraussicht.

Sujet um Briefing war och d’Pensiounsdiskussioun, wou um Beispill vum Wirtschafts-a Sozialrot d’Positioune bei de Sozialpartner diametral ausernee ginn. De Premier Frieden setzt do op eng Diskussioun mam néidege géigesäitege Respekt, fir um Enn ee Kompromëss ze fannen.

De Resumé vun den Aarbechten am Regierungsrot.

Back to Top
CIM LOGO