CattenomLëtzebuerg weider dogéint, dass d'Lafzäit vun der Atomzentral verlängert gëtt

RTL Lëtzebuerg
Den Dossier vum Operateur vun der Zentral EDF géif net all d'Bedenke vun der Lëtzebuerger Regierung aus dem Wee raumen, heescht et an engem Communiqué.

D‘Regierung fënnt, dass EDF nach besser dofir misst suergen, dass d‘Sécherheetsstandarden un déi vu modernen Zentralen ugepasst ginn, dass méi avancéiert Technologien an den Asaz kommen an dass Noutsituatioune besser geréiert ginn. Allgemeng bleift d’Regierung Frieden-Bettel awer dobäi, dass al Zentrale wéi déi zu Cattenom an zu Tihange missten zougemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO