
Mëttelfristeg soll deen Taux awer op 2% klammen. En ambitiéist Zil, awer eent, deem d’Defenseministesch Yuriko Backes en Dënschdeg bei hirer Entrevue mam NATO-Generalsekretär Stoltenberg zu Bréissel sou zougesot huet. Deemno kritt de Ministerrot eng Propositioun virgeluecht, wéi dës Investissementer an d’Defense iwwer déi nächst Jore solle graduell eropgesat ginn.
Lëtzebuerg wëll net méi als Profiteur an der NATO ugesinn ginn, mee wëll sech an der Verdeedegungsallianz engagéieren. Dat wëll d’DP-Ministesch och beim NATO-Sommet an engem Mount zu Washington aktéieren, genee wéi och beim Minister-Meeting nächst Woch zu Bréissel.
Eleng fir d’Hëllef fir d’Ukrain am russeschen Ugrëffskrich steiert Lëtzebuerg dëst Joer 70 Milliounen Euro bäi. Wéi et heescht, wier dëst de “strikte Minimum”, dee weider - jee no Demande vun der Ukrain - kann an d’Luucht geschrauft ginn.
Bis ewell war Lëtzebuerg am Verglach mat den aneren NATO-Memberen, mat Ausnam vun Island, ëmmer dat lescht Memberland am Ranking vun de Contributeuren am Verglach mam PIB. Zanter dem Sommet zejoert zu Vilnius dierf d’Lëtzebuerger Contributioun par Rapport zum RNB gerechent ginn, deen ënnert dem PIB läit.