RegierungsrotLëtzebuerger Arméi wäert och 2025 hëllefen, ukrainesch Zaldoten ze forméieren

RTL Lëtzebuerg
Dat am Kader vun enger EU-Missioun. D'Regierung huet decidéiert, déi Lëtzebuerger Participatioun fir maximal 2 Joer ze verlängeren.
© Archiv/Ketty a Rom Hankes

Weider wäerten och Lëtzebuerger Zaldote bei enger Missioun am Mosambik mat derbäi sinn. Da soll d‘Nomenclature ugepasst ginn, also d‘Lëscht vun deenen Akten, déi d‘CNS rembourséiert. Dat am Beräich vun der Rehabilitatioun an der Soinen no engem Kriibs-Traitement.

D‘Haaptentrée fir bei de Séi zu Wäiswampech gëtt nei gemaach an zu Beefort gëtt e Gebai fir Locatiounsvëloe gebaut. De Staat subventionéiert béid Projeten.

An d‘Regierung wëll de Lëtzebuerger Schëffspavillon méi attraktiv maachen, dat virop duerch d‘Vereinfachung vun den administrative Prozeduren.

Back to Top
CIM LOGO