Constat vun der EU-KommissiounLëtzebuerger brauche méi informatesch Kompetenzen

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg hätt beim Ausbau vum Internet-Reseau an der Zuel vun den IT-Spezialiste grouss Progrèse gemaach.
© Envato Doodiebearz

Gläichzäiteg missten déi kleng a mëttelgrouss Betriber am Grand-Duché nach méi Efforte maachen, fir sech ze digitaliséieren an d‘Populatioun bräicht nach méi informatesch Kompetenze wéi bis ewell. Dat ass d‘Conclusioun vun der EU-Kommissioun, déi sech ugekuckt huet, a wéi wäit d‘Memberstaaten um Wee sinn, hir Ziler am informatesche Beräich z‘erreechen.

Op déi ganz EU gekuckt, ass de Fazit vun der Kommissioun, dass déi aktuell Efforten net duerginn, fir déi gesaten Ziler bis 2030 z‘erreechen.

Back to Top
CIM LOGO