Rapport vun EU-Kommissioun an OECDLëtzebuerger Gesondheetssystem gutt ofgeschnidden, beim Depistage Nummer 1

Pierre Jans
Tim Morizet
De Lëtzebuerger Gesondheetssystem schneit an engem entspriechende Rapport vun der EU-Kommissioun an der OECD relativ gutt of.
Rapport vun EU-Kommissioun an OECD
De Lëtzebuerger Gesondheetssystem schneit an engem entspriechende Rapport vun der EU-Kommissioun an der OECD relativ gutt of.

Rapport EU-Kommissioun an OECD / Rep. Pierre Jans

Vill medezinesch Prestatioune gi vun der Gesondheetskeess iwwerholl. Am Verglach mat de Bierger an anere Memberstaate mussen d’Patienten zu Lëtzebuerg net vill Fraisen aus dem eegene Portmonni bezuelen. Fir eng Minoritéit bleift den Accès op medezinesch Soine schwéier, wa si Sue virstrecke mussen. Den Tiers payant, dee jo 2023 soll etabléiert sinn, versprécht Besserung. Esou steet et an de Konklusioune vun deem Rapport, deen an allen EU-Memberlänner mat de selwechte Critère gemaach gouf.

De Gesondheetssystem am Grand-Duché war och relativ gutt preparéiert, fir op d’Urgence vun enger Pandemie reagéieren ze kënnen. Déi néideg Recoursen, ewéi Personal a Material, konnte séier mobiliséiert ginn.

De Rapport vun der EU-Kommissioun an der OECD confirméiert, wat d’Regierung dacks betount huet: a Saachen Depistage vu Covid-Fäll war Lëtzebuerg d’Nummer 1 an der EU. Et ass souvill getest ginn ewéi soss néierens.

D‘Pandemie huet awer och nach eng Kéier ervirgestrach, wat scho méi laang kloer ass: de Lëtzebuerger Gesondheetssecteur ass ofhängeg vu Professionellen aus dem Ausland. Eng Zuel aus dem Joer 2017 beleet iwwerdeems, dass 60 Prozent vun den Dokteren zu Lëtzebuerg méi ewéi 50 Joer hunn. De Risk vun engem Manktem ass evident.

Obwuel den Alkoholkonsum vun den Erwuessenen zu Lëtzebuerg méi héich ass wéi a quasi allen anere EU-Länner, war d’Liewenserwaardung am Joer 2020 mat 81,8 Joer héich. Wéinst der Covid-Pandemie ass se temporär ëm 11 Méint par Rapport zu 2019 erofgaangen.

Kardiovaskulär Krankheete maachen 30 Prozent vun de Stierffäll aus. Kriibs 26 a Covid 11 Prozent.

Déi heefegst Kriibszorten, déi diagnostizéiert ginn, si bei de Frae Broschtkriibs a bei de Männer d’Prostate. Bei béide Geschlechter ass den Daarmkriibs vir bäi. Bei de Männer ass de Longekriibs méi heefeg ewéi bei de Fraen.

Back to Top
CIM LOGO