Zwou ManifestatiounenLëtzebuerger Regierung soll Drock fir d'Fräiloosse vu Geiselen a Gaza maachen

RTL Lëtzebuerg
Direkt op zwou Manifestatioune gouf e Samschdeg am Grand-Duché eng Wafferou an d'Fräiloosse vu Geiselen aus der Gazasträif gefuerdert.

No méi wéi 5 Méint Krich a Gaza sinn och dëse Samschdeg nees Leit an der Stad op d’Strooss gaangen. Eng 200 bis 300 Persounen hunn un enger Demonstratioun op Initiativ vum Comité pour une paix juste au proche-orient deelgeholl. Gefuerdert gouf en direkten an nohaltege Waffestëllstand, en Enn vun der Besatzung vu Gaza a vum Westjordanland an d’Fräiloosse vun alle Geiselen. An enger anerer Manifestatioun hunn eng 20 Leit ëm de Grupp “Bring Them Home” op en Neits hir Solidaritéit mat de Geiselen ausgedréckt, déi vun der Hamas an d’Gazasträif verschleeft gi sinn. Si hu vun der EU, Lëtzebuerg, humanitären Organisatiounen an der israeelescher Regierung gefuerdert, Drock op d’Hamas ze maachen, fir d’Geiselen ouni Konditioune fräizeloossen.

Back to Top
CIM LOGO